Enseignement fondamental

D’Schoulen zu Lëtzebuerg

''

Den Enseignement fondamental gëtt zu Lëtzebuerg duerch ëffentlech, privat an international Schoulen assuréiert. D’Gesetz vum 20. Juli 2023 iwwer d’Obligation scolaire beschreift d’Missiounen an den Optrag vun der formaler Bildung zu Lëtzebuerg. 

D’Gesetz vum 6. Februar 2009 reegelt d’Organisatioun vum Enseignement fondamental.

D’ëffentlech Grondschoulen empfänke Kanner vun 3 bis 11 Joer. Vu véier Joer un ass de Besuch vun der Grondschoul obligatoresch. Déi néng Grondschouljore verdeele sech op véier Cycles d‘apprentissage. Ee Grondschoulzyklus besteet aus zwee Joer, an deenen d’Kand Zäit huet, fir d’Kompetenzen, déi a Form vu Kompetenzsockele gesat sinn, ze entwéckelen.   

Mam Schoulgesetz vun 2009 huet och de Lëtzebuerger Bildungssystem sech op d’kompetenzbaséiert Léieren ëmgestallt. De Plan d’études detailléiert d’Kompetenzen, déi am Enseignement fondamental vun all Kand sollen entwéckelt ginn. Den aktuelle Plan d’études fir den Enseignement fondamental gouf den 11. August 2011 als Règlement grand-ducal legal verankert.

Eng kompetenzorientéiert Approche vis-à-vis vum Léieren huet och um Niveau vun der Bewäertung eng Partie Verännerunge mat sech bruecht. D’Erreeche vun de verschiddene Kompetenze gëtt an de Bilans intermédiaires evaluéiert an um Enn vun all Cycle am Bilan de fin de cycle zertifiéiert. D’Eltere ginn a regelméissegen Ofstänn an de Bilansgespréicher iwwert d’Fortschrëtter vun hirem Kand informéiert. 

Hei fannt Dir weider Informatiounen iwwert d’Organisatioun vum Enseignement fondamental zu Lëtzebuerg.