5 Froen un d'Michèle Schilt (ZpB) - 10/24

1. Firwat brauche mir méi Participatioun vun de Schüler an der Grondschoul?

Kanner solle vun Ufank un kënne matdecidéieren, wat se an der Schoul maachen. Wa mir wëllen, dass Kanner léieren, Verantwortung ze iwwerhuelen, musse mir hinnen och Verantwortung ginn. 

Dee Moment wou Kanner dauernd gesot kréien, wat se ze maachen hunn, ass et fir si immens schwiereg, sech mat hirer Aufgab ze identifizéieren. Esou léieren si och net selwer, duerch hire Léierparcours ze goen. 

 

D’Participatioun setzt viraus, datt ee weess, firwat een eppes mécht, an et ass wichteg, erauszefannen: 

Wat huet dat mat mir ze dinn? Wéi stinn ech do dozou? 

Wou wëll ech domadder hin? Wat kann ech maachen, fir datt ech dohinner kommen? 

 

Et ass wichteg, d’Participatioun vum Eenzelnen ze fërderen, mee awer och déi am Grupp. Am Grupp stelle mer fest, dass net jiddereen zum nämmlechte Moment dat nämmlecht wëllt. Dee Moment kommen d’Kanner a Verhandlungsprozesser, déi Deel vum Liewen an enger Demokratie sinn. Mir kennen alleguer de  berüümte Sproch “Meng Fräiheet hält do op, wou deem aneren seng ugeet”, an ëmgedréint. Dat mussen d’Kanner spieren, soss kënne si dat net verstoen. 

2. Wéi kann ee méi Participatioun vun de Schüler am Unterrecht fërderen? A wéi steet et ëm hir Participatioun am Volet Evaluatioun? Firwat ass dat wichteg?

Vill Enseignantë maachen dat schonn automatesch. Scho mat ganz klenge Schrëtt kënne si ufänken, oder weiderfuere mat deem, wat si souwisou scho maachen. Esou kann een zum Beispill d’Kanner ëm hir Meenung froen, de Kanner eng Wiel tëscht Sujete ginn, a si froen, wat an a wéi enger Reiefolleg si schaffe wëllen, soulaang dat didaktesch sënnvoll bleift. Participatioun am Unterrecht heescht net “laisser-faire”; natierlech ginn et nach ëmmer Momenter, wou den Enseignant méi frontal schaffe muss, fir eng Rei Erklärungen ze ginn. 

Eng gutt Approche ass et, fir de Kanner reegelméisseg Feedback ze ginn a si ze froen: “War dat elo esou gutt fir dech? Ass dat an enger Vitess gewiescht, déi fir dech gutt war? Weess du bei dëser Aufgab, wat vun dir gefrot ass?” 

 

De Klasserot ass och eng flott Form vu Participatioun an der Schoul, well hei d’Schüler mat an de Schoulalldag agebonne ginn. Si hëllefe bei der Gestaltung vum Klassesall, iwwerhuelen eng Charge a kënnen iwwert ausserschoulesch Theemen diskutéieren. 

 

Ganz spannend ass et och, fir d’Evaluatioun méi partizipativ ze gestalten. Do kann ee mat ganz klengen Etappen ufänken, wéi zum Beispill, de Schüler ze froen, seng eege Leeschtungen anzeschätzen. 

Hei zu Lëtzebuerg ginn et leider nach keng empiresch Zuelen, déi beleeën, wéi vill Participatioun et schonn an de Schoule gëtt. Am Ausland ginn et awer geziilte Fuerschungen zu dësem Theema. Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) huet dofir mat der Uni Tréier zesumme Broschüren ausgeschafft, wou Participatioun an alle Beräicher thematiséiert a gefërdert gëtt. 

Eng Evaluatioun, an där een de Schüler no senger Meenung a senger Bewäertung freet, ass e wichtege Bestanddeel vu senger Identifikatioun mam eegene Léierprozess. Dat ass natierlech e Prozess. Den Enseignant muss sech am Viraus iwwerleeën, wéi e seng Evaluatioun a säi Feedback gestalte wëllt, an et dann iwwert eng länger Zäit mat de Schüler üben an esou deem neie Prozess d’Chance ginn, sech ze entwéckelen. 

 

Mir musse vill méi op d’Stäerkte vu jidderengem opbauen. Firwat menge mer ëmmer, dass jiddereen dat nämmlecht misst kënnen an der Schoul. Dat ass esou därmoosse schued. Da geet dat verluer, wat de Schüler am Fong super gutt kann, well et net genuch valoriséiert gëtt. Jidderee soll liesen, schreiwen a rechne léieren, mee et muss een och kënne soen, dass et elo einfach gutt ass, fir de Fokus op eng ganzheetlech Evaluatioun ze leeën, amplaz op den Detail. “Wou wëll ech hin? Woumat spieren ech mech gutt, wat mécht mech frou? Wou kann ech aner Leit frou maachen?” dat sinn déi vill méi wichteg Froen, wéi dat arithmetescht Zesummenzielen vu Kompetenzen. 

3. Kann een och ze vill Participatioun maachen? Wou sinn d’ Limitten?

Ze vill Participatioun kann een eigentlech net maachen, et muss een sech Fro stellen : “Wéini mécht ee wéi vill, a virun allem wéi?” 

Et muss ëmmer kloer sinn, dass den Enseignant am Sall d’Verantwortung huet. D’Kanner si mat ze vill Verantwortung schnell iwwerfuerdert a riskéiere Frustratioun. Participatioun heescht och net automatesch Anarchie am Klassesall. Et mussen am Virfeld Reegele festgeluecht ginn, wéi zesumme geschafft gëtt. 

An der Participatioun soll den Enseignant seng Schüler seriö huelen. E soll de Kanner hir Iddien an Iwwerleeunge wäertschätzen, hinnen d’Fräiheet loossen, sech ze entfalen an hinnen trotzdeem eng kleng Richtung ginn. An der Schoul sollen den Enseignant an d’Schüler op Aenhéicht mateneen diskutéiere kënnen. D’Schüler solle mat an d’Verantwortung geholl ginn, mee den Enseignant bleift hiren Ankerpunkt, wou si kënnen zeréckkommen, wann eppes net esou gutt leeft. Et gëllt eng gutt Balance ze fannen tëscht Leeden a Lassloossen. 

4. Ab wéi engem Alter kann ee Participatioun bei de Kanner fërderen?

Participatioun fänkt scho laang virum éischte Klassesall un. Kleng Kanner deelen Erwuessene vun Ufank u ganz intuitiv mat, wat si wëllen hunn. An esouguer wann si dat net kréien, ass et wichteg, dass si de Grond dofir verstoe kënnen. Déi éischt Participatioun ass e komplext Zesummespill vu Muechtverhältnisser, Informatioun a Kommunikatioun, bei deem d’Kand erausfanne soll : “Wat ass elo mat mir? Wat wëll ech [...]? Wéi fillen ech mech dobäi?” Dat ass och den Dräi-Saz, deem mir am ZpB ëmmer noginn. Kanner sollen sech selwer kenne léieren, fir esou mat anere kënnen zesummen ze agéieren. Si sollen eng Toleranz entwéckelen, déi hinnen et erméiglecht, “Frënd ze sinn” trotz den Ënnerscheeder, déi mer alleguerten hunn. 

De Kär vun der Participatioun ass et, erauszefannen, wat meng eege Positioun a Roll ass, an dat léiere Kanner vun Ufank un en engem geschützte Kader doheem, an der Crèche, der Schoul an an der Maison Relais. Spéiderhin iwwerdroen si dës Participatioun an hir Gemengen, Veräiner an an hir Aarbechtswelt. Wa mir gär hätten, dass d’Kanner sech a 50 Joer engagéieren, da musse mir hinne vun engem fréien Alter un d’Geleeënheet dozou ginn. 

Finalement ass eise ganze Gesellschaftssystem op de Solidaritéitsprinzip opgebaut, op dee mer och houfereg sinn, an dat ass och bei ganz jonke Kanner schonn trainéierbar. 

5. Wou ass dann de Moment nach schwiereg fir méi Participatioun anzebauen? Wourunner muss Ärer Meenung no nach geschafft ginn?

Participatioun ass eng Haltungssaach: “Wéi begéinen ech deem Aneren?” 

A ville Schoule sëtzen d’ Kanner nach eenzel oder zu zwee. Dëse Formatage vereinfacht Disziplin an Evaluatioun, erschwéiert awer d’Participatioun. 

Ausserdeem musse mir léieren, vill méi op dat ze kucken, wat de Schüler kann, amplaz am Bilan ze evaluéieren, wat e nach net gutt kann. Ech géif mir e Bilan um Schluss vum Fondamental wënschen, wou dra steet, wat dem Schüler seng Stäerkte sinn. Mir musse vill méi vun Orientatioun schwätzen an net vu Promotioun. Mat engem Promotiounsgedanken bei Kanner ënnert 15 Joer si mer ganz wäit ewech vu Participatioun. 

De gréissten Challenge ass et, d’Enseignanten ze encouragéieren, sech vun onflexibelen a strikte Programmer an enger Evaluatioun mat Items lass ze léisen, an op sech selwer ze vertrauen, fir nei Weeër anzeschloen.