Am Juli an am Oktober 2024 waren zwou Réunioune mam Collège des Directeurs, déi vun eise Leit um SCRIPT begleet goufen. D’Regionaldirekteren aus dem ganze Land goufen iwwert déi aktuell Aarbechten zum Plan d’études informéiert a kruten en Ausbléck op de weidere Prozess, deen an den Aarbechtsgruppe realiséiert gëtt. Ausserdeem hu si déi zwou Kéieren un Atelieren zu der Evaluatioun, der Transversalitéit an der Digitaler Plattform deelgeholl.