Entrevue CNEF-SCRIPT

Den 12. Mäerz hu sech de SCRIPT an d'Programmkommissioune vum Fondamental (CNEF) fir hir zweet trimesteriell Reunioun getraff.

Um Ordre du Jour stoung d'Presentatioun vun der Digitaler Plattform plandetudes.lu, déi fir d'Rentréee 2026/2027 prett wäert sinn. 

Donieft stoung och en Ausbléck op déi nei Mandatsperiod 2026-2030 souwéi op de Rekrutementsprozess op der Dagesuerdnung. Interesséiert Persoune vum Terrain kënnen ab dem 29. Mai hir Kandidatur erareechen.

Weider Informatiounen zu de CNEF fannt Dir op curriculum.lu.