Réckbléck op de CoLab 2

Transversaalt Léieren : Ronderëm dëst Theema huet sech den 28. Abrëll 2026 beim zweete CoLab am Lycée Josy-Barthel Mamer gedréint.  

“Wat bedeit fächeriwwergräifend Léieren a wéi gëtt dës Aart vu Wëssensvermëttlung am neie Grondschoul-Léierplang ëmgesat?” De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, ass no senger Begréissung vun de Participanten ënner anerem op dës Aspekter ronderëm d‘Theema Transversalitéit agaangen. Beispiller, wéi dës Form vu Léieren am Enseignement secondairefondamental scho gelieft gëtt an a Zukunft gestäerkt ka ginn, stoungen am Uschloss am Fokus. 

No enger kuerzer Introductioun vum Halldor Halldorsson, Responsabel vun der Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum beim SCRIPT, hu 5 Impulsvirträg stattfonnt, an deenen Beispiller fir transversaalt Léieren am Enseignement secondaire virgestallt goufen. Dës goufe gehale vu Vertrieder vum Terrain, déi Erfarung mat der Integratioun vum transversale Léieren an d’Programmer hunn“. 

Detailer ronderëm dës Projete konnten d’Participante bei engem sougenannte Gallery Walk gewuer ginn. Dëst war an engems d’Geleeënheet, Äntwerten op Froen ze kréien a sech Materialien unzekucken.  

Ofschléissend stoungen Echangen um Programm, bei deenen Iwwerleeunge ronderëm déi follgend Frostellunge konnte gedeelt ginn: “Wéi kënne modern Programmer dofir suergen, dass transversal Kompetenze méi systematesch gefërdert ginn?“, „Wéi setzt dir transversaalt Léieren an Ärem Unterrecht elo schonn ëm?“, „A wat sinn d’ Stolpersteng, déi et schwiereg maachen, transversal Léiermomenter anzebauen?“.  

De Rapport zu dësem Workshop souwéi Informatiounen zu den nächste CoLabs a Sondagë wäerten op www.curriculum.lu ze fanne sinn.