Neies vun der Digitaler Plattform

Firwat gëtt de Plan d’études grad elo geännert? 

Wat ännert sech konkret fir d’Léierpersonal?  

Awéiwäit ginn et Verbindungen zur ALPHA-Reform?  

Op dës an nach vill weider Froen, déi bei den Informatiounsveranstaltungen zum neie Léierplang

gestallt gi sinn,  fannt Dir elo Äntwerten op der neier Digitaler Plattform plandetudes.lu. 

 

Mëttels enger iwwersiichtlecher Rubrik mam Numm “Dacks gestallte Froen” gouf festgehalen, 

wat d’ Acteuren um Terrain beschäftegt.  Inhaltlech geet et ëm:  

  •  d’Grondlagen an d’Ziler vum neie Léierplang ; 
  •  d’Auswierkungen op d’Léierpersonal an d’pädagogesch Praxis ; 
  •   d’Bewäertung, Tëschebilanen a Suivi vun de Schüler ; 
  •   fächeriwwergräifend Themefelder ; 
  •   de Lien zur ALPHA-Reform ; 
  •   den Zäitplang fir d’Ëmsetzung a Perspektive ; 
  •   d’Plattform an digital Outilen.  

D’Zil vun dëser Plattform ass et, den neie Plan d'études als interaktiivt a praxisnot 

Aarbechtsinstrument zougänglech ze maachen an d’Léierpersonal an hirer Planung, 

Ëmsetzung a Begleedung vu Léier- a Bewäertungsprozesser z’ënnerstëtzen. 

Am Mëttelpunkt stinn eng kloer an einfach Navigatioun duerch den neie Léierplang

an den intuitive Wiessel tëscht Cyclen, Domäner, Descripteuren a Ressourcen. 

Dës Rubricke sollen zukünfteg weider ausgebaut an ugepasst ginn. 

Fir sech elo schonn en éischten Androck ze maache vun der Digitaler Plattform ass e Video disponibel, deen d’Fonctionalitéite vun dësem digitalen Outil zum neie Plan d’études zesummefaasst. 

 

 

Remarken, Froen oder Ureegungen zum neie Léierplang kënnt Dir gären iwwer curriculum@script.lu erareechen.