Déi 3. trimesteriell Reunioun tëscht de Programmkommissioune vum Fondamental (CNEF) an dem SCRIPT huet de 9. Juni 2026 stattfonnt.
An dëser leschter CNEF-SCRIPT Versammlung vum Schouljoer 2025/2026 gouf ënnert anerem iwwert déi Digital Plattform vum neie Plan d'études geschwat, déi Enn dës Mounts fir d'Léierpersonal wäert zougänglech sinn. Donieft gouf och de Bilan vun der Mandatsperiod gemaach.
Dir sidd selwer am Fondamental als Enseignant täteg a wëllt Member ginn an enger Commission nationale de l’enseignement fondamental (CNEF) ?
Bis de 15. Juli hutt Dir d'Geleeënheet, eng Kandidatur fir déi nei Mandatsperiod 2026 – 2030 anzereechen ënner cnef@script.lu.
Eng Virlag mat Informatiounen fir Är CNEF-Kandidatur fannt Dir op www.curriculum.lu.


