1 neie Léierplang,16 Informatiounssessiounen, 2.700 Participanten:
Tëscht Februar a Juni 2026 hunn d’Generaldirektioun vum Enseignement fondamental (DGEF) an de SCRIPT den neie Plan d’études virgestallt. Den 11. Juni war den Ofschloss vun dëser Informatiounstournée uechter d’Land.

Bei dëse Veranstaltungen, déi sech un d’Léierpersonal am Fondamental geriicht hunn, haten d’Participanten och d’Geleeënheet, dem Francine Vanolst (Chef de Service vun der DGEF) an dem Luc Weis (Direkter vum SCRIPT) Froen ze stellen a sech auszetauschen. D’Impulser aus dem Publikum esou wéi d’Äntwerte stinn a Form vun enger “Dacks gestallte Froen”-Rubrik op der neier Digitaler Plattform plandetudes.lu zur Verfügung.
D’Formatiounsoffer gouf begréisst, wéi d’Auswäertung vun den Ëmfroen zu den jeeweilegen Seancen erginn:
“De Plan d’études gouf virgestallt, lo hu mer en Abléck drop, wat op eis duerkënnt”.
“Et war eng Informatiounsseance, an där mer eng ganz Partie wäertvoll an nëtzlech Informatiounen kruten.”
De Ministère, de SCRIPT an d’Divisioun vun der Entwécklung vum Curriculum soen all de Participantë Merci fir hiren Interessi un den Informatiounsveranstaltungen zum neie Léierplang.


