De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, huet d’Presidentinnen a Presidenten esou wéi d'Sekretärinnen a Sekretäre vun de nationale Kommissioune vum Enseignement secondaire (CNES) an de Lycée des Arts et Métiers invitéiert.
Nodeems sech bei de CoLabs 1 a 2 mat de Schlësselkompetenzen an dem transversaale Léiere beschäftegt gouf, hat dës Entrevue vum 16. Juni zum Zil, déi vireg Reflexiounen am Kader vum Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Programmer am Enseignement secondaire opzegräifen an ze verdéiwen.
No der Begréissung duerch de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, an den Halldor Halldorsson, Responsabel vun der Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum, haten déi Invitéiert d’Méiglechkeet, a Gruppen iwwer déi ugeschwat Schwéierpunkten ze diskutéieren an hir Erfarungen a Meenungen anzebréngen. Ureegungen a Kritiken, positiv wéi negativ, goufen appreciéiert.
Ofgeronnt gouf dësen interessanten a konstruktiven Echange mat engem kuerzen Iwwerbléck iwwer d’Kärpunkten, déi sech aus de Gespréicher erauskristalliséiert hunn, souwéi mat engem Ausbléck op d’Evenementer, déi aktuell geplangt sinn. Dëst wieren aktuell:
- CoLab3 – Theema PISA - 8. Oktober 2026 (Forum Geesseknäppchen)
- CoLab4 – Theema Sproochen - 24. November 2026 (Lokalitéit gëtt nach matgedeelt)
- Conférence Intermédiaire - 29. Abrëll 2027 (Lokalitéit gëtt nach matgedeelt)
Dir sidd un de Conclusioune vun dësem Austausch interesséiert? Op eiser Websäit wäert Dir d’Rapporten zu den ofgehalene CoLabs ab der Rentrée 2026-2027 fannen. Och op SCRIPT.lu ginn d' Neiegkeeten ronderëm de Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Secondaire publizéiert.


