Ofschloss vum Projet Sektioun GSH

Zum Enn vum Schouljoer 2025/2026 ass de Projet fir den Ausbau an d’Weiderentwécklung vun der Sektioun “Sciences de la santé" (GSH) zu engem Ofschloss komm. 

Den Aarbechtsgrupp GSH huet seng Missiounen am Schouljoer 2023/2024 opgeholl mam Zil, d’Sektioun GSH, déi et bis dohin just fir 2GSH an 1GSH gouf, och op 4GSH an 3GSH auszebauen fir eng kohärent an nohalteg Struktur ze schafen an d’Schüler beschtméiglechst op Beruffer am Beräich vun der Santé virzebereeden. Am Schouljoer 2024/2025 ass di éischt 4GSH ugelaf, an 2025/2026 ass d'Ëmsetzung mat der Aféierung vun der 3GSH virugefouert ginn.

Parallel dozou sinn och déi bestoend Programmer vun der 2GSH an der 1GSH iwwerschafft ginn, fir eng pedagogesch a curriculär Kontinuitéit fir déi ganz Sektioun sécherzestellen. Am selwechte Kader sinn och d'Modalitéite vum Premièresexamen un déi nei Ausriichtung ugepasst ginn. 

Ab der Rentrée 2026/2027 trëtt déi iwwerschafft 2GSH a Kraaft. Domat ass de Curriculum vun der ganzer Sektioun harmoniséiert an openeen ofgestëmmt.