Am Kader vum Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire hutt Dir d'Méiglechkeet, Iech anzebréngen - sief et am Kader vu CoLabs oder awer per Bedeelegung un Ëmfroen.
Déi zwee éischt Sondagen haten sech mam Theema "Visioun vum Jonken 2040" a mam Theema "Transversalitéit" befaasst. Elo hutt Dir d'Méiglechkeet, um drëtte Sondage deelzehuelen. Dës Blëtz-Ëmfro befaasst sech mat de PISA-Resultater 2025 a kuckt dobäi op verschidde Resultater a Froestellungen, déi fir d'Léiere vun de Jonken an d'Weiderentwécklung vun de Schoulprogrammer zu Lëtzebuerg eng Roll spille kënnen.
Mir wëllen Är Meenung zu den Erkenntnisser vun der PISA-Etüd 2025 froen an Ären Androck iwwert hir Relevanz fir d’Weiderentwécklung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire ophuelen. Wéi eng Besoine ginn aus der PISA-Etüd ervir? Wou gesitt Dir konkret Verännerungshiewelen an de Programmer? D’Resultater vum Sondage droen zu de Reflexiounen iwwer d’Weiderentwécklung vun de Schoulprogrammer bäi. Verschidden Elementer wäerten am Kader vum 3. CoLab zum selwechten Theema verdéift ginn.
D'PISA-Resultater 2025 vun der OECD fannt Dir hei: PISA 2025 Results (Volume I) Future-Ready Students. Ee méi konkreten Zoom op d'Resultater vu Lëtzebuerg ass hei ze fannen: PISA 2025 Results (Volume I) Luxembourg oder hei op men.lu.
Mat dëser Ëmfro kritt Dir deemno d‘Méiglechkeet, Iech zu der genannter Thematik matzedeelen. Dëst entweder generell oder wann Dir net um drëtte CoLab-Workshop, deen den 8. Oktober 2026 zum selwechte Schwéierpunkt stattfënnt, kënnt deelhuelen. E kann Iech och als eng Zort Virbereedungsméiglechkeet op dëse Workshop déngen.
Dir kënnt dëse Sondage bis de 4. Oktober 2026 op lëtzebuergesch, franséisch oder englesch ausfëllen.
⏳Dauer: 10-15 Minutte
⏰ Deadline: Sonndes, de 04. Oktober 2026
Dir wëllt den 8. Oktober um CoLab-Workshop zum Theema „PISA“ (Forum Geesseknäppchen) deelhuelen? Dann mellt Iech bis de 6. Oktober 2026 iwwer dëse Link un:
👉👤 Umeldung Workshop : CoLab 3 - PISA
Dir hutt weder Zäit, op dësem Workshop deelzehuelen nach de Sondage auszefëllen? Kee Probleem! Bis 2028 wäerten ëmmer nees CoLabs organiséiert a Sondagen zu verschiddenen Theeme verschéckt ginn. Si sinn ee wichtegt Element vum Consultatiounsprozess fir d’Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire, fir Input vum Terrain ze sammelen. Dës Sondagë ginn op www.curriculum.lu verëffentlecht.


