De Centre de Jeunesse Marienthal war gutt gefëllt um Nomëtteg vum 29. September 2026.
De Grond : D’Secondaires-Ekipp vun der Curriculums-Divisioun huet invitéiert op de Kick-Off vun de 14 Groupes de travail, déi am Schouljoer 2026-2027 nei ulafen.
Nieft engem Echange vun Informatiounen war dëst och d’Geleeënheet fir d’Participanten, d’Aarbechtsofleef esouwéi déi aner Gruppe-Membere kennenzeléieren a sech mat der Ekipp vun der Curriculumsdivisioun iwwer ënnerschiddlech Uleies auszetauschen.
D’Groupes de travail, déi mat der Divisioun fir Curriculumsentwécklung kollaboréieren, hu ganz ënnerschiddlech curricular Opträg - muncher iwwerschaffen eng scho bestoend Disziplinn, muncher schaffen eng nei Disziplinn aus, anerer schaffen u Sectiounen, dat souwuel am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général.
Méi Informatiounen iwwert all eis aktuell Projeten am Enseignement secondaire fannt dir hei.


