Réckbléck op de CoLab 3 - PISA 2025

« Wat soen d’PISA-Resultater iwwer d’Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler zu Lëtzebuerg aus, a wat kënne mir doraus fir d’Moderniséierung vun de Schoulprogrammer léieren? » Ëm dës Froe goung et den 8. Oktober 2026 beim drëtte CoLab am Forum Geesseknäppchen. 

No der Begréissung duerch de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, huet de Bildungsminister Claude Meisch d’Wichtegkeet vum Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer betount. Hien huet dobäi d’Erfarungen aus dem Enseignement fondamental ervirgehuewen, wou am enken Austausch mam Terrain e Whitepaper als Grondlag fir den neie Plan d’études entstanen ass, an ënnerstrach, dass och am Enseignement secondaire de gemeinsamen Austausch an d’Sich no breet gedroe Léisungen am Mëttelpunkt stoe sollen. D’PISA-Resultater géifen dobäi wichteg Erkenntnisser iwwer d’Stäerkten an d’Erausfuerderunge vum Lëtzebuerger Schoulsystem liwweren. Si kéinten esou als eng vun de Grondlage fir d’Diskussioune mat den Enseignanten déngen an hëllefen, am Kader vum lafende Consultatiounsprozess gemeinsam Usätz fir d’Weiderentwécklung vun de Programmer ze identifizéieren. 

Duerno huet den Nathan Viltard, Analyst bei der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OCDE), d’Resultater vu PISA 2025 virgestallt, mat engem besonnesche Fokus op Lëtzebuerg. Am Mëttelpunkt vu senger Presentatioun stoungen d’Leeschtunge vun de Schülerinnen a Schüler an hir Entwécklung iwwer déi lescht Joren, besonnesch am Beräich vum Liesverstoen, d’sozial Ongläichheeten am Bildungssystem souwéi d’Astellungen an d’Engagement vun de Schülerinnen a Schüler beim Léieren. Och d’Roll vun den Enseignanten an de Famillje fir den Erfolleg an der Schoul gouf thematiséiert. Am Uschloss un d’Presentatioun hunn d’Participanten d’Geleeënheet genotzt, fir dem Nathan Viltard eng ganz Rei Froen zu de Resultater an hirer Interpretatioun ze stellen. 

Zwee vun dësen Themen, de Réckgang vum Liesverstoen an d’Engagement an d’Ausdauer vun de Schülerinnen a Schüler beim Léieren, stoungen duerno am Mëttelpunkt vun den Atelieren. D’Participanten hunn d’PISA-Resultater mat hiren Erfarungen aus dem Schoulalldag a Verbindung bruecht an doriwwer diskutéiert, wéi eng Impulser sech doraus fir d’Weiderentwécklung vun de Programmer erginn. 

An den Echangë koumen och weider Froen op, déi am Laf vum Consultatiounsprozess wäerten opgegraff ginn.  Dozou gehéieren notamment d’Roll vun de Sproochen an enger Gesellschaft, déi vu  Méisproochegkeet an Diversitéit gepräägt ass, awer och den Afloss vun der Digitalitéit an der kënschtlecher Intelligenz op d’Léieren. 

Wéi geet et weider? 

D’Theema Sprooche steet beim nächste CoLab am Mëttelpunkt, deen de 24. November 2026 am Lycée de Commerce et de Gestion (ECG) stattfënnt.

D’Umeldung ass bis den 23. November iwwer den IFEN méiglech.

Am Laf vum Schouljoer 2026/27 sinn dräi weider CoLabs geplangt: 

de  26. Januar 2027 zum Theema Pädagogik an Evaluatioun, 

den 11. Mäerz 2027 zum Theema Digitalitéit a kënschtlech Intelligenz an 

den 29. Juni 2027 zum Theema Gouvernance a Steierung vun der Curriculum-Entwécklung. 

Weider Informatiounen zum Consultatiounsprozess an d’Rapporte vun de CoLabs fannt Dir op www.curriculum.lu.