Initiatiounsphas
(2023 bis 2026)
Kalenner vum Projet ‘Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement Secondaire’
2023
Koalitiounsaccord 2023-2028
Ukënnegung vum Consultatiounsprozess
09/2025
Dossier de presse vum MENJE
Ukënnegung vum Start vum Consultatiounsprozess
01/2026 bis 02/2026
Start vum Projet
SCRIPT presentéiert dem CoDir ES an de CNES de Projet
Consultatiounsphas
(03/2026 bis 03/2028)
03/2026 bis 03/2027
Phas 1 vum Consultatiounsprozess
6 CoLaben a weider Workshops a Consultatioune mat Acteuren aus dem Bildungsberäich
04/2027
Conférence intermédiaire
Presentatioun vum Tëschestand vum Consultatiounsprozess
05/2027 bis 03/2028
Phas 2 vum Consultatiounsprozess
3 CoLaben a weider Workshops a Consultatioune mat Acteuren aus dem Bildungsberäich
Analys- a Syntheesphas
(03/2028 bis 10/2028)
03/2028 bis 09/2028
Analys a Synthees
D’Aussoe vun de Consultatioune ginn analyséiert a synthetiséiert, a wichteg Erkenntnisser aus der Wëssenschaft zesummegedroen
10/2028
Publicatioun vum Whitepaper
D’Haapterkenntnisser aus dem Consultatiounsprozess an déi grouss Leitlinne fir d’Moderniséierung vun de Schoulprogrammer vum Enseignement secondaire ginn an engem Whitepaper festgehalen
Ëmsetzungs- an
Implementatiounsphas
(2029+)
2029+
Start vun de Revisiounen a weideren Aarbechten
De curriculare Kader an d’Programmer ginn op Basis vun deem, wat vun der Regierung 2028-2032 festgehale gëtt, adaptéiert an erneiert. Weider Aarbechten, ewéi d’Elaboréiere vun enger optiméierter digitaler Plattform ronderëm d’Programmer vum ES, kommen dobäi. Wéi laang genau dës Phas dauert, muss nach festgehale ginn.


