INVITATIOUN OP DEN ÉISCHTE COLAB - DE PROFIL VUM JONKEN 2040
D’Divisioun fir d'Entwécklung vum Curriculum vum SCRIPT invitéiert Iech häerzlech op den éischte Collaborative Lab (CoLab) den 10. Mäerz - dëst am Kader vum Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire, deen de Koalitiounsaccord 2023-2028 virgesäit.
D‘Theema an de Public Cible vum Workshop
De Fokus vun den Diskussiounen dréint ëm “de Profil vum jonken Erwuessenen am Joer 2040”. Dëse Workshop riicht sech un ee breede Public cible. Niewent dem edukatiiven, psychosozialen an administrative Personal aus dem Beräich vum Enseignement secondaire ass och d’Personal aus de Centres de compétences an dem Enseignement fondamental invitéiert.
Zesumme gëtt sech doriwwer ausgetosch, wéieng Kompetenzen, Attitüden a Capacitéiten jonk Leit, déi ëm 2040 aus der Schoul kommen, an enger Welt voller Verännerungen sollen hunn. D'Zil ass et, déi gesellschaftlech, ekonomesch, technologesch an ekologesch Entwécklungen z’analyséieren, déi d’Finalitéite vum Enseignement secondaire beaflosse kéinten.
D’Leitfro vun dësem CoLab ass deemno: « Wéi eng Kompetenzen, Astellungen a Fäegkeete brauche Schüler, déi de Schoulsystem am Joer 2040 an enger Welt am Wandel verloossen? ».
Den Oflaf vum Workshop
No engem Mot de Bienvenue fënnt eng Ried (Keynote-Speech) statt, déi de Kader setzt an d’Iwwerleeungen zum Profil vum jonken Erwuessenen am Joer 2040 beräichere soll.
Duerno féieren d’Participanten hir Aarbecht an kollaborativen Ateliere weider. Op Basis vun hiren Erfarungen, hiren Expertiseberäicher an de Bäiträg aus dem Keynote-Speech wäerte si verschidden Zenarien exploréieren a konkret Iddie formuléieren zu de Kompetenzen, Astellungen a Schlësselfäegkeeten, déi déi zukünfteg jonk Erwuessener brauchen.
D’Renconter gëtt mat enger kuerzer Zesummeféierung vun de Reflexiounen aus den Atelieren ofgeschloss. Dëse kollektive Moment erlaabt et, déi wichtegst Iddien ze deelen an éischt potentiell Achsen z‘erkennen, déi de weidere Consultatiounsprozess alimentéieren. Zum Schluss gëtt et och nach e gemittleche Moment, fir den Austausch op informellem Niveau weiderzeféieren.
D'Diskussioune vun dësem éischte CoLab fléissen zesumme mat de weidere geplangte Consultatiounsmomenter an e Whitepaper an, dee fir Oktober 2028 soll publizéiert ginn. An dësem Whitepaper ginn engersäits déi inhaltlech Schwéierpunkten an anerersäits déi organisatoresch Prozeduren a Prozesser festgehalen, déi fir d’Entwécklung vun engem kohärenten an zukunftsfäege curriculare Kader néideg sinn.
Aschreiwung
Schreift Iech fir den éischte CoLab an!
🏷️ Theema: „De Profil vum Jonken am Joer 2040“
Wat muss d’Kand, dat haut an der Spillschoul ufänkt, mat op de Wee kréien, fir um Enn vu sengem Parcours beschtméiglech preparéiert ze sinn, fir um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen?
📅 Datum: Dënschdes, 10. Mäerz 2026
🕓 Auerzäit: 15:00–18:00 Auer
📍 Plaz: Athénée de Luxembourg, Festsall (24, Boulevard Pierre Dupong, L-1430 Hollerich-Luxembourg)
👤Public cible: Edukatiivt, psychosoziaalt an administratiivt Personal aus dem Beräich vum Enseignement secondaire (ESC, ESG), de Centres de compétences an dem Enseignement fondamental
D’Formatioun ass iwwer den IFEN ausgeschriwwen. Umeldung bis spéitstens de 9. Mäerz:
👉👤 CoLab 1 - De Profil vum Jonken am Joer 2040
Sondage
Dir wëllt Iech thematesch op dëse CoLab astellen? Oder Dir sidd deen Dag verhënnert a wëllt eis Är Meenung trotzdeem matdeelen? Dann fëllt dëse kuerze Sondage zum Theema „D'Visioun vum Jonken 2040“ aus! Esou Sondagë gi reegelméisseg verschéckt a sinn ee weidert wichtegt Element vum Consultatiounsprozess, fir Input vum Terrain ze sammelen.
Dir kënnt de follgende Sondage bis den 2. Mäerz op lëtzebuergesch, franséisch oder englesch ausfëllen.
👉📝 Sondage: “D'Visioun vum Jonken 2040” (LU, FR, ENG)
Méi Informatiounen
Fir méi iwwer de Moderniséierungsprozess vum Enseignement secondaire an iwwer déi nächst CoLabs ze gewuer ze ginn, kënnt Dir gären reegelméisseg op curriculum.lu laanscht kucken.
Falls Dir Froen hutt, kënnt Dir Iech gären iwwer curriculum@script.lu un d’Ekipp vun der Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum riichten.


