Aarbechten 2023-2025
2023–2024
Rumm fir den neie Plan d’études
Am Schouljoer 2023–2024 gouf d'Rumm fir den neie Plan d’études ausgeschafft. Dës beschreift déi grouss Ziler vun der Grondschoul (Enseignement Fondamental) a weist, wéi d’Inhalter aus verschiddenen Entwécklungs- a Léierberäicher bewierken, dass d’Kanner sech ganzheetlech entwéckelen a Schlësselkompetenzen op- a weiderbauen. Nodeems dat éischt Gerüst stoung, gouf e cibléierte Consultatiounsprozess ugefaangen, fir Réckmeldungen ze sammelen an den Entworf weider auszeschaffen.
Inhaltlech Aarbecht um neien Plan d’études
Fir d’Schouljoer 2024–2025 goufe fënnef Groupes de travail rekrutéiert:
- Sproochen (Alphabetiséierung, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch)
- Mathematik
- Geeschtes-, Sozial- a Naturwëssenschaften
- Beweegung a Gesondheet
- Konscht a Kultur
Schonn am drëtte Trimester 2023–2024 hunn sech d'Membere vun de Groupes de travail getraff, fir hir Aarbecht am kommende Schouljoer virzebereeden.
Digital Plattform fir den neie Plan d’études
Hei gouf sech dorops konzentréiert, zentral Fonctionalitéiten a Contenue vun der zukünfteger digitaler Plattform ze definéieren, dëst iwwert Workshops an déifgräifend Interviews (Walkthroughs) mat Acteuren am Bildungsberäich. Wärenddeems gouf och no engem passenden Entwécklungspartner gesicht.
2024–2025
Inhaltlech Aarbecht um neie Plan d’études
Éischt Prioritéit vun de Groupes de travail war d’Formulatioun vun neie socles an niveaux avancés, fir d’Annexen 1 am Règlement Grand-Ducal (RGD) op den Instanzewee ze bréngen. Am Laf vum Schouljoer goufen déi wichtegst Inhalter ausgeschafft, déi op déi digital Plattform sollte kommen. D’Groupes de travail hunn ausserdeem un de Finalitéite vun den Domänen, d’Compétences générales an d’Sous-Domainë geschafft.
Digital Plattform fir den neie Plan d’études
Zesumme mam Luxembourg Media & Digital Design Centre (LMDDC) ass déi éischt Phas vun der Entwécklung vun enger digitaler Plattform fir de Plan d'études lancéiert ginn. Dëse Projet soll net nëmmen der Öffentlechkeet den Zougang zu den Inhalter vum Plan d'études erméiglechen, mee den Enseignanten en intuitiven, performanten a prakteschen Tool fir de schouleschen Alldag bidden.
Eng éischt Erausfuerderung bestung an der Konzeptualiséierung vun den Inhalter vun der digitaler Plattform souwéi an der Strukturéierung an der Vernetzung vun dësen Inhalter innerhalb vun enger flexibler a multidimensionaler Datebank.
Parallel dozou goufen éischt Versioune vum visuellen Optrëtt vun der Plattform op Basis vu Réckmeldungen aus Workshops, Walkthroughs an dem Feedback vun den Aarbechtsgruppen entwéckelt.
D’Zil ass et, eng modern a funktionell Plattform fir d'Rentrée 2026 um Lafen ze hunn.


Enseignement fondamental