Enseignement secondaire
Moderniséierung vun de Programmer am Secondaire
De Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement Secondaire, deen de Koalitiounsaccord 2023-2028 virgesäit, ass am Januar 2026 lancéiert ginn. An dësem Kader gi bis 2028 Collaborative Laboratories (sougenannte CoLabs) zu verschiddenen Theemen ofgehalen a donieft och Sondagë verëffentlecht. D’Resultater vun dëse Workshops fléissen zesumme mat de weidere geplangte Consultatiounsmomenter an e Whitepaper an, deen am Oktober 2028 soll publizéiert ginn. An dësem Whitepaper ginn engersäits déi inhaltlech Schwéierpunkten an anerersäits déi organisatoresch Prozeduren a Prozesser festgehalen, déi fir d’Entwécklung vun engem kohärenten an zukunftsfäege curriculare Kader néideg sinn.

