Säit September funktionéieren déi nei geschafen Aarbechtsgruppen zu de verschiddenen Domainen aus dem Léierplang (Sproochen an Alphabetiséierung, Mathematik, Geeschtes-, Sozial- an Naturwëssenschaften, Beweegung a Gesondheet, Konscht a Kultur). Si orientéieren sech un der Rumm an hunn den aktuelle Plan d’études analyséiert a Finalitéite vun hirem jeeweilege Léier- an Entwécklungsberäich ausgeschafft. Vum Dezember u ginn d’Kompetenzen, déi et de Kanner erméigleche sollen, hir Ziler ze erreechen, ausgeschafft.
Am 2. Trimester geet et weider mat der Aarbecht un de Socles de compétences.
D’Ausschaffe vun enger digitaler Plattform gëtt och ëmmer méi konkreet. De Plan d’études soll hei op eng sprëtzeg a flott Manéier digitaliséiert ginn, fir esou dem Enseignant en Outil un d’Hand ze ginn, den Unterrecht méi einfach ze organiséieren, ze differenzéieren a fir tranversal ze schaffen.
Bei all dësen Etappen dierf de reegelméissegen Echange mat wichtege Partie-prenantë wéi de CNEF (Commissions nationales de l’Enseignement fondamental) net feelen. Si ginn e puer Mol am Joer gefrot, déi nei Erkenntnisser ze evaluéieren an hiren Avis dozou ofzeginn.
Weider Informatiounen zu dem Fonctionnement vun de CNEF an hire Membere fannt Dir hei: