Den IFEN a seng Roll fir de Fondamental, e Gespréich mam Christian Lamy

Wat ass den IFEN a firwat brauche mir esou en Institut?

“E Schoulsystem ass just esou gutt wéi seng Enseignanten”, dat ass e Sproch deen ech immens flott fannen, an dee beschreift wéi wäertvoll et ass, gutt ausgebilten Enseignanten ze hunn. Des Enseignantë wëllen sech awer och ëmmer erëm weiderbilden an dofir ass et gutt, dass mir eng Ressource wéi den IFEN (Institut de Formation de l’Education Nationale) hu wou si eng ganz Rei vu Formatioune kënne fannen. Dat ass een Deel vu Quality Assurance am Enseignement, dee jo och rassurant fir d’Schüler an hir Eltere ka sinn.

Insgesamt schaffen 170 Leit um Site zu Walfer, dat geet vun de Concierge iwwer Concepteurs de Formations bis zur Cellule de Communication an der Buchhaltung. Do dernieft si ganz vill Leit um Terrain, an de Schoule selwer, ënnerwee. Mir organiséieren ongeféier 4.000 bis 5.000 Formatiounen d’ Joer fir ëm déi 17.000 Leit. Dat si ronn 1000 Stagiairen déi betreit ginn an iwwer 200 Schoulen déi mir an hirer Schoulentwécklung begleeden, Zousätzlech zu den Enseignanten aus dem Fondamental kommen och d’ Personal aus dem Secondaire, vun de Kompetenz-Zenteren, aus der Formation Adulte, vun den Internationale Schoulen souwéi och Educateure bei eis. Jidderee soll eppes bei eis fannen dofir bidde mir deementspriechend e breetgefächert Themefeld un. Mir hunn 2.000 Formateuren engagéiert déi eng Panoplie vu Formatiounen a verschiddene Léiermodeller ubidden. Eis Cellule de Qualité evaluéiert reegelméisseg den Impakt vun dëser Offer a gëtt de Formateuren e Feed-Back.

Den IFEN ass also ee groussen Institut wou Proffen, Educateuren, Enseignanten an all weider Acteuren sech op enger Plaz treffe fir sech ze ressourcéieren, sech aus ze tauschen, dëst entweder eleng oder am Collectif. Mir alleguer, déi mer an der Educatioun schaffen, sollen eng gemeinsam Sprooch schwätzen an eis och alleguer ëmmer erëm weiderbilden. 

Huet de neie Curriculum en Afloss op d’Organisatioun vum IFEN / de Formatiounen ?

De Curriculum, den neie Plan d’Etudes, ass en Ophänker op d’ Aktualitéit. Op der enger Säit ännert sech bei eis Näischt, andeems mer an der Breet viruschaffe wéi elo a just villäicht verschidde Theme no vir drécken. 

Anerersäits ännert sech awer och erëm ganz vill, well mir scho wäerte profitéieren vun dem Momentum, wou de Bildungsoptrag nach eng Kéier präziséiert gëtt beziehungsweis fir nei Formatiounsoffere kënnen ze proposéieren an esou Leit um IFEN zesummen ze bréngen.

Wéi kann den IFEN d’Schoule bei der Schoulentwécklung an der Implementatioun vum neie Plan d’Etudes ënnerstëtzen - a wat fir eng Roll spillen I-CN an I-DS dobäi?

Mir ënnerstëtzen d’Schoulen an hirer Schoulentwécklung a besonnesch beim Ausschaffe vun hirem Plan de développement scolaire (PDS) auszeschaffen.

I-CN an I-DS begleeden d’Schoulen : I-CN méi mam Fokus “Education aux et par les médias” an I-DS méi betreffend déi insgesamt Schoulentwécklung. Si hale keng Formatiounen am klassesche Sënn, mee sinn an der Prozessbegleedung. Dat féiert reegelméisseg dozou, dass Schoulen eng intern Formatioun ufroen. Soumat huelen I-CN an I-DS am IFEN eng wichteg Roll an, well si op dëser Plaz ëmmer erëm kënne Reklamm fir dem IFEN säi Formatiounsangebot maachen.

Et ass mer wichteg ze betounen, dass et och vill Expertisen an Innovatioun an de Schoule selwer gëtt. Et gëtt souvill gutt Schoulen an Enseignanten, dass mir als IFEN heiansdo just d’Plaz sin, wou Iddie beienee kommen. Op eisem EdFest, dat mer d’lescht Joer an de Rotondes haten, sinn d‘Schoule mat hire Schoulentwécklungspläng komm an et gouf diskutéiert an Iddien ausgetosch.

Eist Zil ass et, déi gutt Iddie vun de Schoulen ervir ze hiewen an ze kucke, dass ee vun dem anere léiert. An dem Kontext ass et spannend, Fondamental a Secondaire beieneen ze kréien an deemno wéi och de non-formale Beräich mat eran ze zéien. 

A wéi gi Leitthemen vun de Formatiounen erausgesicht?

Beim IFEN gëtt et ëmmer zwou Dimensiounen. Engersäits wëllen Enseignanten sech weiderbilden, anerersäits geet et och em d’Begleedung vun der Schoulentwécklung allgemeng.  

D’Kriterie, no deenen d’Formatiounen ausgewielt ginn, sinn zum engen Deel ofhängeg vun der politescher Aktualitéit - zum Beispill Alphabetiséierung, Sport a Beweegung oder Digitaliséierung – zum Aneren awer och vum Feedback, dee mir iwwer Participanten, Programmkommissiounen oder Direktere kréie. Mir reagéieren awer och op Demandë vun Schoulen an zum Beispill Kompetenz-Zenteren, déi spezifesch Formatiounen op Mesure froen.  

Et dierf een net vergiessen, dass mer ëmmer am A behalen, wéi eng grouss Themen am internationale Kader ënnerwee sin. Et brauch ee net vill Fantasie fir ze wësse, wéi eng Felder dat aktuell sinn, Kënschtlech Intelligenz, Digitaliséierung, Troubles de comportement. Dat sinn Themen, déi hu mer schonn an eisem Katalog dran, mee wann déi méi staark opkommen, da baue mer se nach eng Kéier aus, dat heescht, mir ginn nees Formateuren duerch ganz Europa siche. Mir bidden awer och méi subtil Weiderbildungen un, ënner anerem zum Ëmgang mat Stress oder zur Virbereedung op d’ Pensioun.  

Doduerch, dass de Plan d’Etudes iwwerschafft gëtt, wäert de Katalog awer sécher och nach weiderhin ugepasst ginn. Do kucke mir, wat un Erwaardungen derbäikënnt, wat d’ Enseignantë solle liwweren a wat d’ Kanner solle léieren. Fir hiren Optrag beschtméiglech auszeféieren, mussen Enseignantë jo ëmmer erem u sech schaffen. Den neie Plan d’Etudes ass en Argument méi, firwat een sech als Profi sollt weiderbilden. 

Zu de Formateuren: Wéi eng Kompetenze mussen si eigentlech matbréngen a wéi ginn si rekrutéiert?

Insgesamt schaffen 2.000 Formateure fir eis - a jidderee vun hinne bréngt eng aner Iwwerschrëft mat a setzt aner Akzenter. Eise feste Pool besteet aus aktuell 10 Formateuren, do rekrutéiere mer awer elo nach. Mir brauchen nämlech Experten, déi net just heiansdo erakommen, mee déi de Kontext zu Lëtzebuerg gutt kennen. Si bidden och net just thematesch eppes Wichteges un, si si sougenannte “Frontrunner”. Hier Coursen déngen och als Beispill, wat fir eis eng modern Formatioun ass. An eiser Cellule “Train the Trainer”, ginn all eis Formateure weidergebilt. Well d’ Thema ass och: Wéi kann een als IFEN gutt Formatioune proposéieren; wéi léieren Erwuessener. 

Wat d’ Formateure selwer betrëfft, dat si ganz vill verschidde Profiller: Vun deenen, déi zu Lëtzebuerg ënnerriichten iwwer Profi-Formateuren aus der akademescher Welt bis hin zu Psychologen a Sprooche-Spezialisten. Dat ass den Ënnerscheed zum Ausland, wou et och vill Instituter wéi den IFEN gëtt, mee déi oft ob e méi klenge Reseau vu Formateuren zeréck kënne gräifen. Mir kënnen eis Formateure weltwäit siche goen. “A distance” ass do villes méiglech.  

Et ginn awer och Formateure, déi komme bei eis uklappen. Jee no proposéiertem Thema, ginn se dann mat engem vun eisen 12 Concepteurs de formation a Kontakt gesat, déi si dobäi ënnerstëtzen, hir Coursen esou ze strécken, dass se kompatibel sinn. Mir wëllen eisem Zilpublikum méiglechst vill verschidde Stëmmen a Perspektiven ubidden. 

Muss een op de Site zu Walfer komme fir u Formatiounen deelzehuelen oder ginn et do och aner Optioune bzw. wéi eng verschidde Weiderbildungs-Modeller ginn et?

Vu klassesche Seminairen, déi och ëmmer méi digital ginn, iwwer Ciné-Débats, Parcours de Formation, Austauschgruppen, Hospitatiounen a Studiereese bis zu Marches a Vernissages pédagogiques oder Tutorials a Podcasts op eisem Internet-Site: Et gëtt vill verschidde Formen, fir sech bei eis weiderzebilden. Et ass extrem wichteg, dass mer diversifizéiere, well jo och déi Erwuessen ënnerschiddlech Léier-Typpen sinn.

Nieft dem grousse Volet “Formation continue” hu mer nach weider Divisiounen, déi sech mat der Weiderbildung befaassen. Zum Beispill “Leadership pédagogique”, wou Direkteren a Präsidente, Coordinateur de cycle a Chef de département ënnerstëtzt gi fir hiren Optrag. An der Divisioun vum “Soutien personnalisé” dréint sech alles ronderëm Themen zur Persoun selwer, wéi Empowerment, Teach-Agency, Hygiène mental. Net ze vergiessen déi Divisioun, wou d‘ Thema “Schoulentwécklung liewen” am Mëttelpunkt steet.

Wat Stagiaire betrëfft: Nieft den obligatoresche Formatiounen – wéi eng Kompetenze musse gefërdert ginn, ass jo kloer am Gesetz verankert – ginn et och Modules aux choix, wou d’Stagiaire selwer kënnen decidéieren, wéi eng Formatiounen se beleeë wëllen. Et gëtt och ëmmer méi déi Tendenz an d’ Regiounen ze goen, well dat noweislech e besseren Impakt huet op d’ Praxis vun den Enseignanten, Proffen, Pädagogen an Educateuren. 

Formatioune kann een natierlech och op anere Plaze maache. Wa Leit eng Formatioun fannen, déi theoretesch och bei eis am Katalog kéint si, mee mir hunn se net, da kënne mir och eventuell d’ Aschreiwungskäschten op Demande cofinanzéieren.

Dann hu mer eng Cellule „Evolution de Carrière“ fir Leit, déi fonctionnariséiert ginn, wou mir als Passerell dénge bzw. ginn et esou Moments de Carrière, wou een sech muss weiderbilden, wann ee vum A2 op A1 wëll klammen. Donieft schaffe mer ganz enk mam INAP zesummen, beispillsweis am Beräich Leadership. Eis I-CN bidden en plus Formatiounen an de Regiounen, déi och deelweis aus Hospitatiounen souwéi Réseaux d’échanges bestinn. 

Apropos Internetsite. Deen ass nei opgebaut ginn?

Mir hunn eis Websäit (IFEN.lu) ganz nei gemaach. Elo kënne mer Formatioune besser an d’ Vitrinne stellen, an domat e bësse steieren, wat fir en Thema méi Opmierksamkeet kritt wéi en Anert. Ee Beispill wiere Parcours de Formations, wou ee sich iwwer länger Zäit an en Thema eraschaffe kann. Déi bidde mer säit Kuerzem un a se ginn direkt op der éischter Säit ugewise. Fir sech mat der Offer auserneenzesetzen, ginn et verschidde Filteren. Déi verschidden Zougrëff wieren iwwer d’ Feld „Je suis…“ oder iwwer de Button „Wéi wëll ech mech gär weiderbilden“ oder ganz klassesch  - iwwer d’Sich am Katalog.  

Op eiser Websäit “IFEN Inspire” hu mer iwwregens och Temoignagen drop, eise Podcast, Micro-Trottoirs, do kann een sech zu all Moment inspiréieren. Mir lueden Iech heimat häerzlech an, eng Kéier op eisen Internet-Site luussen ze goen: https://ssl.education.lu/ifen/ oder www.ifen.lu