Neie Plan d'études

Et ass endlech esouwäit: den neie Plan d'études ass do a kann op www.plandetudes.lu erofgeluede ginn!


De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, hunn de 6. Februar 2026 déi gedruckten Ausgab vum neie Plan d’études am Kader vun enger Pressekonferenz presentéiert.

Mat grousse Schrëtter kënnt d’ Aféierung vum neie Léierplang fir den Enseignement fondamental nämlech méi no. D'Resultater baséieren um Consultatiounsprozess zum Whitepaper – deen op Lëtzebuergesch a Franséisch disponibel ass.

Am Zentrum vun den Aktivitéite sti momentan nach d’ Aarbechten un der Digitaler Plattform, déi den Enseignanten d’ Uwendung vum neie Plan d’études soll vereinfachen – an déi zäitgläich zum neie Programm – an enger éischter Etappe am Cycle 1 an am Cycle 2 am September vum Schouljoer 2026/2027 lancéiert an am Schouljoer 2027/2028 och am Cycle 3 a 4 agefouert gëtt.

Fir den Acteuren um Terrain den neie Plan d’études méi no ze bréngen, ginn iwwerdeems vu Februar bis Juni 2026 Informatiounsveranstaltunge vun der Direction générale de l’enseignement fondamental an Zesummenaarbecht mam SCRIPT ofgehalen. An dësem Kader ginn net just d’ Leitlinnen an déi strukturell Prinzippie vum neien Plan d’études presentéiert. D’ Veranstaltunge sollen de Participanten och de Raum ginn, fir Froen ze stellen a sech auszetauschen. Schreift Iech an fir un enger Informatiounsversammlung deelzehuelen.

Weider Informatioune fannt Dir och op de Social Media-Plattformen vum Educatiounsministère a vum SCRIPT.