Optakt vum Consultatiounsprozess am Enseignement Secondaire

Wéi scho wärend der Pressekonferenz zur Rentrée 2025/2026 “Zesummewuessen - Bildung verbënnt” vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend ugekënnegt, ass de Consultatiounsprozess fir d’Moderniséierung vun de Programmer am Enseignement secondaire am Januar 2026 lancéiert ginn. Den 22. Januar 2026 huet de Luc Weis, Direkter vum Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques | SCRIPT dem Collège des Directeurs de l’Enseignement secondaire (CoDir ES) d’Strategie fir d’Opstelle vun engem Whitepaper fir den Enseignement secondaire presentéiert. Si hu begréisst, dass de Prozess lass geet. 

De Consultatiounsprozess ass den éischte wichtege Schrëtt, fir d‘Ziler vum Koalitiounsaccord 2023-2028 , déi d’Moderniséierung vun de Programmer am Enseignement secondaire an de Mëttelpunkt stellen, gerecht ze ginn. 

D’Kompetenze vum 21. Joerhonnert, kritescht Denken, Kreativitéit, Kommunikatioun a Kollaboratioun, solle gefërdert, d’Léier- an Evaluatiounsmethoden erneiert souwéi  d’Programmer vum Enseignement secondaire mat Hibléck op den neie Plan d’études vum Enseignement fondamental ugepasst ginn. 

De Consultatiounsprozess leeft als éischt Etapp vum Projet bis 2028. Mëttels verschiddene Formater wäert mat den ënnerschiddlechen Acteuren a Partie Prenanten zu enger Rei Theeme geschwat ginn.

Am Schouljoer 2025/2026 sinn an dësem Kontext zum Beispill dräi Collaborative Labs (CoLabs) ronderëm d’Theemen “Profil vum Jonken am Joer 2040” (10. Mäerz), “Transversalitéit” (28. Abrëll) a "Sproochen" (18. Juni) virgesinn. Dës CoLabs riichten sech un d’edukatiivt, d’psychosoziaalt an d’administratiivt Personal aus dem Enseignement secondaire, de Centres de compétences an dem Enseignement fondamental. Virun all CoLab sinn doriwwer eraus Sondagë geplangt, déi sech un e méiglechst breetgefächert Zilpublikum riichten. Mat dësen Ëmfroen, déi als Virbereedung op dat jeeweilegt Theema dénge, kënnen och all déijéineg deelhuelen, déi op den Datumer vun de Presenzveranstaltungen verhënnert sinn. D’Aschreiwunge fir d’CoLabs lafen iwwer den IFEN, d’Invitatioune wäerten iwwerdeems op curriculum.lu a per Mail verëffentlecht ginn. 

Den éischte Sondage zum Theema “Visioun vum Jonken 2040” fannt Dir hei, dëse ka bis den 2. Mäerz ausgefëllt ginn. Zousätzlech sinn an dësem Zäitraum weider Evenementer virgesinn, wéi zum Beispill Echangë mam Comité de pilotage, Focus-Labs (Austausch mat den Direktiounen) an Entrevuë mat de Gewerkschaften. All dës Momenter sollen d'Basis fir de Whitepaper leeën, deen am Oktober 2028 presentéiert soll ginn. Dëst Stratégie-Dokument wäert als Ausriichtung a Feuille de Route déngen fir déi eigentlech Reformen, déi duerno ulafen, zum Beispill andeems et opweist, wéi eng Programmer am Enseignement secondaire classique esou wéi am Enseignement secondaire général missten iwwerschafft ginn. Esou soll en nationale Curriculum de gesellschaftlechen an internationalen Entwécklungen op laang Siicht gerecht kënne ginn.

Dir wëllt bei dësem Prozess up to date bleiwen? Dann kuckt reegelméisseg laanscht op curriculum.lu an script.lu souwéi op de Social-Media-Plattforme vun MENJE-SCRIPT.