Den 12. Februar 2026 huet de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, d’Presidentinne a Presidenten esou wéi d’Sekretärinne a Sekretäre vun de Commissions Nationales de l’Enseignement Secondaire (CNES) an de Centre de Conférences vum Educatiounsministère a Clausen invitéiert. Do gouf hinnen de Projet an de Prozess vun der Consultatioun zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Secondaire, esou wéi et am Koalitionsaccord 2023-2028 festgehale gouf, presentéiert.
De Consultatiounsprozess gëtt no engem änleche Modell wéi de Prozess fir en neie Plan d’études am Fondamental (2021–2023) duerchgefouert, an de Fokus läit ënner anerem op de Kompetenze vum 21. Joerhonnert, op de Léier- an Evaluatiounsmethoden, an op der Integratioun vun transversalen Themefelder.
Zil vum Prozess ass et, am Oktober 2028 e White Paper stoen ze hunn, deen d’grouss Linne fir d’Schoulprogrammer vun der Zukunft virgëtt. D’Programmkommissiounen hunn eng wichteg Aufgab an dësem Prozess, d’Präsidentinnen a Präsidenten hunn d’Roll vu Multiplicateuren, esouwuel an de Schoule wéi och an de Programmkommissiounsreunioune, wou d’Diskussiounen iwwer d’Moderniséierung vun de Programmer d’Enseignanten dozou brénge soll, beim Prozess matzemaachen an de curriculare Kader vun der Zukunft aktiv matzegestalten.
Fir méi iwwer de Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire gewuer ze ginn, kënnt Dir gären op curriculum.lu laanschtkucke goen.


