De 26. Februar 2026 hunn déi zwou éischt interregional Informatiounsveranstaltungen zum neie Plan d’études stattfonnt. Der Invitatioun op dës Reuniounen am Lycée Josy Barthel zu Mamer si knapp 400 Acteure vum Terrain nokomm.

D’Francine Vanolst, d’Virgesetzte vun der Generaldirektioun vum Enseignement fondamental, an de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, hunn de neie Léierplang virgestallt an dat an enger Optik vun deem wat bleift an deem wat nei ass.
Ofschléissend haten d’Participanten d’Geleeënheet, Froen ze stellen a sech ënnereneen auszetauschen.

Dir hutt d' Veranstaltung verpasst? Bis den 11. Juni 2026 wäerten nach weider Informatiounsveranstaltungen uechter d’Land stattfannen. Beim IFEN kënnt Dir Iech aschreiwen !
Weider Informatiounen zum neie Plan d’études vum Enseignement fondamental fannt Dir op script.lu.


