INVITATIOUN OP DEN ZWEETE COLAB
Am Kader vun der Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire, déi am Regierungsprogramm ugekënnegt gouf, invitéiert Iech de SCRIPT op den zweete CoLab, dee ganz am Zeeche vum transversale Léiere steet.
Dëse CoLab ass Deel vun enger ganzer Serie vun Eventer zu ënnerschiddlechen Theemen; zousätzlech si weider Echange mat verschiddene Parties prenantes virgesinn. D’Resultater aus all dëse Momenter ginn zesummegefaasst a fléisse bis Oktober 2028 an e Livre blanc an, deen engersäits déi inhaltlech Schwéierpunkten an anerersäits déi organisatoresch Prozeduren a Prozesser festhält, déi fir d’Entwécklung vun engem kohärenten an zukunftsfäege curriculare Kader néideg sinn.
Schreift Iech fir den zweete CoLab an!
Wat Iech genee erwaart?
- Impulsvirträg zu konkrete Beispiller, wéi transversaalt Léieren am Kader vu verschiddenen Disziplinnen, Projeten a Systemer ëmgesat ka ginn,
- Een interaktive Gallery Walk, bei deem Dir méi Detailer iwwer d’Projeten aus de Virträg gewuer gitt an Är Froe stelle kënnt,
- Ee Workshop, deen Iech ënner anerem dozou invitéiert, ze iwwerleeën, wat Dir aus de verschiddene Beispiller fir Är eege Praxis iwwerhuele kéint.
🏷 Theema: „Transversalitéit“
📅 Datum: Dënschdes, 28. Abrëll 2026
🕓 Auerzäit: 15:00–18:00 Auer (Accueil: 14h30-15h00)
📍 Plaz: Lycée Josy Barthel Mamer, Festsall (2, rue Gaston Thorn, L-8268 Mamer)
👤 Public cible: Edukatiivt, psychosoziaalt, an administratiivt Personal aus dem Beräich vum Enseignement secondaire (ESC, ESG), de Centres de compétences an dem Enseignement fondamental
De CoLab ass als Formatioun iwwer den IFEN ausgeschriwwen.
Umeldung bis spéitstens den 24. Abrëll:
Dir wëllt Iech thematesch op dëse CoLab astellen? Oder Dir sidd deen Dag verhënnert a wëllt eis Är Meenung trotzdeem matdeelen? Da fëllt dëse kuerze Sondage zum Theema „Transversalitéit“ aus! Esou Sondagë gi reegelméisseg verschéckt a sinn ee weidert wichtegt Element vum Consultatiounsprozess, fir Input vum Terrain ze sammelen.
Dir kënnt de follgende Sondage bis den 20. Abrëll op lëtzebuergesch, franséisch oder englesch ausfëllen.
👉📝 Sondage “Transversalitéit” (LU, FR, ENG)
Wann Dir méi iwwer de Projet vun der Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire gewuer ginn an um leschte Stand bleiwe wëllt, informéiert Iech iwwer den Internetsite www.curriculum.lu.


