Lancéiert gëtt an enger éischter Phas eng sougenannt Beta-Versioun, déi schonn eng Rei Features bereetstellt, fir ze testen. D’Beta-Phas leeft vum 30. Juni bis den 31. August – bis dohinner hutt Dir Zäit, fir Äre Feedback anzereechen. Dës Versioun gëtt iwwert de Summer weiderentwéckelt, an éischt Retoure vum Terrain wäerten dobäi hëllefräich sinn.

Wéi op den Informatiounsveranstaltunge ronderëm den neie Plan d’études am Enseignement Fondamental annoncéiert, kënnen interesséiert Enseignanten sech säit Kuerzem iwwer hiren IAM aloggen a sech mat dësem neien digitalen Outil familiariséieren.
Ab der Rentrée 2026/2027, zäitgläich mam neie Léierplang, sti fir de Cycle 1 an 2, respektiv fir d’Enseignanten an de Grand Public, weider Outilen zur Verfügung, déi momentan nach an der Entwécklungsphas sinn.

D’Acteuren aus der Schoul hunn nieft dem Zougang op déi allgemeng Informatioune ronderëm den neie Plan d’études och d’Méiglechkeet, didaktesch Ressourcen a Beispiller vun Aufgaben ze consultéieren.
D’Zil vun der Plattform ass et, de Plan d’études als interaktiivt a praxisbezunn Aarbechtsinstrument zougänglech ze maachen an d’Enseignanten an hirer Ëmsetzung a Begleedung vu Léier- a Bewäertungsprozesser ze ënnerstëtzen.

Fir dëser Missioun beschtméiglech gerecht ze ginn, ass Feedback zur Beta-Versioun méi wéi erwënscht. Dës Ureegunge kënnen dozou bäidroen, datt d’Plattform am weidere Verlaf un d’Besoine vun den Acteuren um Terrain ugepasst ka ginn.
Iwwer feedback@plandetudes.lu oder iwwer de Kontaktformular op plandetudes.lu kënnt Dir Är Remarken oder Froen gär eraschécken.


