Den 2. Juli huet den Echange-Dag vun der Sektioun P stattfonnt. Dat Besonnescht dorun: Fir déi éischte Kéier ware Schülerinnen a Schüler dobäi, déi als éischte Joergang d’Sektioun P bis op d’1re duerchlaf an hir Ofschlossexame gepackt hunn. Si haten domat d’Geleeënheet, hir Erfarunge mat de méi jonke Joergäng ze deelen.
Wéi schonn an de leschte Joren hunn d'Schülerinnen a Schüler vun den dräi Lycéeën, déi d'Sektioun P fir de Moment ubidden, sech a gemëschte Gruppen iwwer hir Erfarungen an der Sektioun P ausgetosch. Am Mëttelpunkt stoungen dobäi virun allem d'Spezialisatiounsfächer, den Iwwergang tëscht den eenzelne Klasse souwéi d'Virbereedung op d'1re. Nieft ville positive Réckmeldungen hunn d'Participanten och konstruktiv Virschléi a kritesch Bemierkunge gemaach, wéi den Unterrecht, d'Organisatioun an d'Begleedung vun der Sektioun nach weider verbessert kéinte ginn.
Gläichzäiteg huet den Echange-Dag de méi jonke Schülerinnen a Schüler d'Méiglechkeet ginn, vun den Erfarunge vun den eelere Joergäng ze profitéieren, hinne Froen ze stellen a sech op déi nächst Etappe vun hirem Schoulwee virzebereeden. Déi oppen an engagéiert Gespréicher hunn och dëst Joer wäertvoll Impulser fir d'Weiderentwécklung vun der Sektioun P geliwwert a gewisen, wéi wichteg den direkten Austausch tëscht Schülerinnen a Schüler, Enseignanten an dem SCRIPT ass.


