Programmer fir GAE & GDL: Interdisziplinär a praxisbezunn

2 Aarbechtsgruppen mat Enseignanten vum ECG haten sech mam Ausschaffe vun den neie Programmer fir d’Sektioune, déi an der “École de commerce et de gestion (ECG)” ugebuede ginn, befaasst. Begleet an ënnerstëtzt goufen si dobäi vun der Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum beim SCRIPT. 

An dësem Kader goufen och nei Materialien entwéckelt. D’Aarbechtsgruppen hu sech dobäi virun allem mat den Inhalter, de pedagogesche Methoden an den Evaluatiounsmodalitéite vun de Programmer an den Activités entrepreneuriales, der Informatik, der Mathematik an der Économie politique beschäftegt. Béid Sektiounen sinn interdisziplinär ausgeriicht a mat praxisbezunnen Approchen verbonnen. 

D’Resultater si kohärent Kaderen, déi d’Schüler op d’Verännerungen an d’Ufuerderunge vun der moderner Aarbechtswelt virbereeden.