Am Kader vum Consultatiounsprozess zur Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire hutt Dir d'Méiglechkeet, Iech anzebréngen - sief et am Kader vu CoLabs oder awer per Bedeelegung un Ëmfroen.
Déi dräi éischt Sondagen hu sech ëm d’Theemen "Visioun vum Jonken 2040", "Transversalitéit" an “PISA-Resultater 2025” gedréint. Am Kader vun der véierter Ëmfro invitéiere mir Iech, d’Léierpersonal aus dem Fondamental an dem Secondaire, Är Meenung zum Theema “Sproochen, Méisproochegkeet a Chancëgerechtegkeet am Schoulparcours” ze deelen.
Dës Ëmfro huet zum Zil, Är Erfarungen, Observatiounen an Prioritéiten am Zesummenhang mat der sproochlecher Diversitéit vun de Schüler, den Unterrechtssproochen souwéi Är Aschätzung vun de Prioritéiten am Beräich “Sproochen a Schoulparcours" ze sammelen. D’Zilpublikum sinn net just Sproochen-Enseignanten, mee all Acteur um Terrain, dee sech fir dës Thematik interesséiert.
D’Resultater vum Sondage droen zu de Reflexiounen iwwer d’Weiderentwécklung vun de Schoulprogrammer bäi. Verschidden Elementer wäerten am Kader vum 4. CoLab zum selwechten Theema verdéift ginn.
Mat dëser Ëmfro kritt Dir deemno d‘Méiglechkeet, Iech zu der genannter Thematik matzedeelen. Dëst entweder generell oder wann Dir net um véierte CoLab-Workshop, deen den 24. November 2026 zum selwechte Schwéierpunkt stattfënnt, kënnt deelhuelen. E kann Iech och als eng Zort Virbereedungsméiglechkeet op dëse Workshop déngen.
Dir kënnt dëse Sondage bis den 22. November 2026 op lëtzebuergesch, franséisch oder englesch ausfëllen.
👉📝 Sondage LU – Sproochen, Méisproochegkeet a Chancëgläichheet am Schoulparcours
👉📝 Sondage FR – Langues, plurilinguisme et équité des parcours
👉📝 Sondage EN – Languages, Multilingualism and Equity in Educational Pathways
⏳Dauer: 10-15 Minutte
⏰ Deadline: Sonndes, den 22.11.2026
Dir wëllt den 24. November um CoLab-Workshop zum Theema “Sproochen, Méisproochegkeet a Chancëgerechtegkeet am Schoulparcours” (École de commerce et de gestion) deelhuelen? Dann mellt Iech bis den 22.11.2026 iwwer dëse Link un:
👉👤 Umeldung Workshop : “Sproochen, Méisproochegkeet a Chancëgerechtegkeet am Schoulparcours”
Dir hutt weder Zäit, op dësem Workshop deelzehuelen nach de Sondage auszefëllen? Kee Probleem! Bis 2028 wäerten ëmmer nees CoLabs organiséiert a Sondagen zu verschiddenen Theeme verschéckt ginn. Si sinn ee wichtegt Element vum Consultatiounsprozess fir d’Moderniséierung vun de Schoulprogrammer am Enseignement secondaire, fir Input vum Terrain ze sammelen.


