Am Kader vum Projet “Plan d’études 2025” siche mir säit Januar 2024 Léierpersonal, wat ab dem Schouljoer 2024-2025 als punktuell Mataarbechter (3 Leçons Décharge pro Woch, wat ca. 6 reell Schaffstonnen sinn) an der Divisioun fir Curriculumsentwécklung wëll matwierken. Am Ganzen ginn et fënnef Groupes de travail: 

  1. Sproochen (Alphabetiséierung, FR, DE, LU) 
  2. Mathematik 
  3. Geeschtes-, Sozial- & Naturwëssenschaften 
  4. Beweegung & Gesondheet 
  5. Konscht & Kultur 

Mëttlerweil sinn déi fënnef Groupes de travail „voll“, mee wann Dir Iech mat an de Projet abréngen wëllt, kënnt Dir eis awer trotzdem nach kontaktéieren. Secherlech kënnen verschidden Profiller mat enger verdéifter Expertis a verschiddene Beräicher ganz spannend fir de Projet sinn. Et kann sech prinzipiell jiddereen mellen, deen aus dem Stage eraus ass, Experienz am EF matbréngt a vun enger Décharge vum SCRIPT profitéieren kann. 

D’Aarbecht vun de Groupes de travail erstreckt sech iwwer zwee Schouljoren (2024-2025 & 2025-2026). No engem Schouljoer kann een awer kucken, ob een nach ëmmer well oder kann matmaachen. D’Groupes de travail kommen ab der Rentrée 2024-2025 all Mëttwoch Nomëtten zesummen (ausser an de Schoulvakanzen). Déi reschtlech Leçons Décharge ginn fir Vir- an Nobereedung genotzt. Schonn am 3. Trimester vun dësem Schouljoer fänken mir mat dräi Reuniounsmomenter un, fir eis kennenzeléieren an op d’Aarbecht am Groupe de travail ze preparéieren. Dës fannen am Mee an Juni Dënschdes oder Donneschdes Nomëttes statt. 

Wann Dir un dëser Aarbecht interesséiert sidd, gitt wgl. un, a wéi engem Domaine an a wéi enge Schwéierpunkter Dir wéilt ënnerstëtzen, an wéi een Profil Dir matbréngt. An eisem Whitepaper kënnt Dir d’Richtlinen fir den neien Plan d’études noliesen a schon eng éischt Iddi kréien, wouhinner et geet.

Är Ufro an all weider Froe kënnt Dir gären u curriculum@script.lu adresséieren.

EF ou ES
EF