Enseignement secondaire''

Déi grouss Missioune vun der Schoul

''

D’Haaptmissioune vun der Schoul sinn am Gesetz vum 20. Juli 2023 iwwert d’Schoulflicht festgeluecht 

a leeën de Fokus op véier Elementer, déi matenee verbonne sinn:

Dës Elementer sollen sech an de Programmer vun de Schoulen – ëffentlech wéi privat – erëmfannen, déi no dem lëtzebuergesche System funktionéieren an déi déi national Educatiounspolitik befollegen. Bei der Ëmsetzung vun dëser Politik handelt d’Divisioun fir d’Entwécklung vum Curriculum als Facilitateur. Eng vun hire Missiounen ass et, all betraffen Acteuren – national Kommissiounen, Aarbechtsgruppen, Schoulen – an hire curriculare Reflexiounen ze ënnerstëtzen, egal ob et ëm d’Erweiderung vun der schoulescher Offer oder d’Upassung vun de Programmer un déi aktuell Ufuerderunge geet, fir sécherzestellen, datt d’Leetlinne vun der Educatiounspolitik an de Klassesäll ëmgesat ginn. An hiren Usätz a Methode gëtt de Fokus op Participatioun geluecht, fir d’Besoine vun allen Acteuren ze berücksichtegen, wärend de jonke Mënsch am Mëttelpunkt vun der Reflexioun steet.

Op de follgende Säiten entdeckt Dir, wéi sech d’curricular Entwécklung am Laf vun der Zäit entwéckelt huet, firwat de CoLab en essentielle Bestanddeel vun der participativer Approche ass, wéi eng Philosophie dem Canevas (Virlag) vun engem Schoulprogramm zu Gronn läit, wéi d’Zesummenaarbecht tëscht dem SCRIPT an den nationale Kommissioune vum Enseignement secondaire ofleeft a wéi eng rezent oder aktuell Projeten net däerfe verpasst ginn.