Enseignement fondamental

Consultatiounsprozess

''

De Consultatiounsprozess huet vu Februar 2022 bis Abrëll 2023 gedauert.

D’Informatiounsversammlung

Den 18. Januar 2022 war den Optakt vum Consultatiounsprozess fir een neie Plan d’études, deem säi Verlaf dem Bildungsberäich an enger Informatiounsversammlung presentéiert ginn ass, déi am Presentiel am Forum Geesseknäppchen stattfonnt huet an zäitgläich online iwwerdroe ginn ass. 

CoLab 1 – Eng gemeinsam Visioun fir den Enseignement fondamental

Am éischte CoLab-Workshop mam Bildungsberäich goung et ëm d’Theema “Eng gemeinsam Visioun fir den Enseignement fondamental”. Et goufen zwee Workshoppen organiséiert, eemol am Presentiel am Forum Geesseknäppchen (1. Februar 2022) an eemol online iwwer Teams (3. Februar 2022). All Interesséiert aus dem Bildungsberäich waren invitéiert, matzediskutéieren. 130 Participanten hunn un dësem CoLab-Workshop deelgeholl. Dorënner waren e. a. 60 % Léierpersonal aus dem Fondamental, 10 % waren edukatiivt a psychosoziaalt Personal a ronn 10 % hunn uginn, am Enseignement secondaire ze schaffen. Déi zwee CoLab-Workshoppe goufe vun der Curriculumsdivisioun vum SCRIPT encadréiert, déi d’Participanten no enger Introduktioun a verschidden Atelieren invitéiert huet, fir d’Theema “Eng gemeinsam Visioun fir den Enseignement fondamental” aus ënnerschiddleche Bléckwénkelen ze diskutéieren. 

Hei fannt Dir de Rapport an d’Annexe zum éischte CoLab: Eng gemeinsam Visioun fir den Enseignement fondamental. 

CoLab 2 – Méisproochegkeet: Eng Realitéit an eiser Schoul

Am zweete CoLab-Workshop mam Bildungsberäich goung et ëm d’Theema “Méisproochegkeet – eng Realitéit an eiser Schoul”. 

Och dës Kéier goufen zwee Workshoppen organiséiert, eemol online iwwer Teams (15. Mäerz 2022) an eemol am Presentiel zu Walfer (17. Mäerz 2022). All Interesséiert aus dem Bildungsberäich waren invitéiert, matzediskutéieren. 142 Participanten hunn un dësem CoLab-Workshop deelgeholl. Dorënner waren e. a. 60 % Léierpersonal aus dem Fondamental, 6 % waren edukatiivt a psychosoziaalt Personal an 22 % hunn uginn am Enseignement secondaire ze schaffen. Déi zwee CoLab-Workshoppe goufe vun der Curriculumsdivisioun vum SCRIPT encadréiert, déi d’Participanten no enger kuerzer Introduktioun an d’Theema a verschidden Atelieren invitéiert huet, fir d’Theema “Méisproochegkeet: “Eng Realitéit an eiser Schoul” aus ënnerschiddleche Bléckwénkelen ze diskutéieren.

Hei fannt Dir de Rapport an d’Annexe zum CoLab 2 – Méisproochegkeet: Eng Realitéit an eiser Schoul. 

CoLab 3 – Kleng a grouss Iwwergäng an der Schoul

Am drëtte CoLab-Workshop mam Bildungsberäich goung et ëm d’Theema “Kleng a grouss Iwwergäng an der Schoul”. 

Och dës Kéier goufen zwee Workshoppen organiséiert, eemol am Presentiel zu Walfer  (21. Abrëll 2022) an eemol online (26. Abrëll 2022) iwwer Teams. All Interesséiert aus dem Bildungsberäich waren invitéiert, matzediskutéieren. 126 Participanten hunn un dësem CoLab-Workshop deelgeholl. Dorënner waren e. a. 56 % Léierpersonal aus dem Fondamental, 5 % waren edukatiivt a psychosoziaalt Personal an 33 % hunn uginn, am Enseignement secondaire ze schaffen. Déi zwee CoLab-Workshoppe goufe vun der Curriculumsdivisioun vum SCRIPT encadréiert, déi d’Participanten no enger kuerzer Introduktioun an d’Theema a verschidden Atelieren invitéiert huet, fir d’Theema “Kleng a grouss Iwwergäng an der Schoul” aus ënnerschiddleche Bléckwénkelen ze diskutéieren.

Hei fannt Dir de Rapport an d’Annexe zum CoLab 3 – Kleng a grouss Iwwergäng an der Schoul. 

CoLab-Workshop mam Conseil supérieur de l’éducation nationale (CSEN)

D’Curriculumsdivisioun vum SCRIPT huet wärend dem Consultatiounsprozess (2022-2023) de Conseil supérieur de l’éducation nationale zwee Mol gesinn, fir intensiv iwwer déi sechs grouss CoLab-Theeme kënnen ze diskutéieren. 

En éischte CoLab-Workshop huet de 5. Mee 2022 am Centre de conférences vum Educatiounsministère stattfonnt, wou d’Theemen  “Eng gemeinsam Visioun fir den Enseignement fondamental”, ”Méisproochegkeet: Eng Realitéit an eiser Schoul” a “Kleng a grouss Iwwergäng an der Schoul” diskutéiert gi sinn. 

En zweete gouf de 26. Januar 2023 ofgehalen an huet déi dräi weider Theemen behandelt, déi tëschent Oktober 2022 an Januar 2023 mam Bildungsberäich diskutéiert gi waren: “Evaluatioun”; “Transversalitéit” “Formal an non-formal Bildung”.

Den CSEN ass ee Gremium, dee sech zu Froen am Bezuch op den nationale Bildungssystem äussert a verschidde Profiller vereent: Vertrieder vun den Elteren, vun de Schüler a Studenten, vum Léierpersonal, aus der Wirtschaft, aus dem sozialen a kulturellen Beräich, vu Veräiner, vun Organisatiounen a vun de staatleche Servicer, déi a Relatioun mam Bildungssystem stinn (e. a. Collège des directeurs de l’enseignement fondamental, Collège des directeurs de l’enseignement secondaire, Gemengen,...). 

Hei fannt Dir de Rapport vun de CoLab-Workshoppen mam CSEN.

CoLab-Workshop mat den Elterevertrieder

An dëse CoLab-Workshop, deen de 14. Mee 2022 zu Walfer stattfonnt hutt, waren d’Elterevertrieder aus dem Enseignement fondamental an dem Enseignement secondaire invitéiert. Et hate sech 47 Memberen zesummefonnt, fir iwwer verschidden Theemen a Froestellungen zum “Projet Plan d’études” ze diskutéieren. De CoLab-Workshop gouf vum Comité vun den Elterevertrieder an der Curriculumsdivisioun vum SCRIPT encadréiert. No enger kuerzer Introduktioun an d’Theema konnten d’Participanten an den Atelieren zirkuléieren an hir Vue zu follgenden Theeme matdeelen: Déi aktuell Programmer, d’Sproochen an der Schoul, Iwwergäng an der Schoul, Evaluatioun a “Boîte à idées”.

Hei fannt Dir de Rapport zum CoLab mat den Elterevertrieder. 

Ateliere mat de Kanner aus dem EF

Wann een iwwert de Plan d’études diskutéiert, duerf een d’Kanner, als Haaptzilgrupp, net aus den Ae verléieren. Dofir goufen am Schouljoer 2021-2022 an 2022-2023 insgesamt 21 Schoulklassen (Cycle 3 a 4) landeswäit besicht. Doniewt goufen och 8 Ateliere mat Kanner aus 4 ënnerschiddleche Centres de compétences organiséiert. 

Wärend den Atelieren, déi vun de Mataarbechter aus der Curriculumsdivisioun moderéiert goufen, sinn déi selwecht Theemen ugeschwaat ginn, déi och scho mam Bildungsberäich an de CoLab-Workshoppen traitéiert gi waren.

Hei fannt Dir de Rapport an d’Annexe zu den Atelieren mat de Kanner.    

CoLab 4 – Evaluéieren am Fondamental

De véierte CoLab-Workshop mam Bildungsberäich huet d’Theema “Evaluéieren am Fondamental” méi an de Fokus geholl. 

Och dës Kéier goufen zwee Workshoppen organiséiert, eemol am Presentiel zu Walfer (6. Oktober 2022) an eemol online (11. Oktober 2022) iwwer Teams. All Interesséiert aus dem Bildungsberäich waren invitéiert, matzediskutéieren. 130 Participanten hunn un dësem CoLab-Workshop deelgeholl. Dorënner waren e. a. 88 % Léierpersonal aus dem Fondamental, 4 % waren edukatiivt a psychosoziaalt Personal a 6 % hunn uginn, am Enseignement secondaire ze schaffen. 

Déi zwee CoLab-Workshoppe goufe vun der Curriculumsdivisioun vum SCRIPT encadréiert, déi d’Participanten no enger kuerzer Introduktioun an d’Theema a verschidden Atelieren invitéiert huet, fir d’Theema “Evaluéieren am Fondamental” aus ënnerschiddleche Bléckwénkelen ze diskutéieren.

Hei fannt Dir de Rapport an d’Annexe zum CoLab 4 – Evaluéieren am Fondamental. 

Colab 5 - Méi Transversalitéit am Plan d’études?

Dëse Workhop ass am Presentiel de 24. November 2022 an online den 29. November ofgehale ginn. Insgesamt hunn zirka 210 Participanten aus dem gesamte Bildungssecteur deelgeholl. 67% vun de Participanten war Léierpersonal aus dem Fondamental, 9% edukatiivt/psychosoziaalt Personal aus de Kompetenzzentren an 19% Enseignanten aus dem Secondaire.  

D’transversaalt Léieren ass e faarwegt Feld, wat beim Kand a Jugendlechen an der Reegel ganz positiv konnotéiert ass. Wärend de Workshoppen hunn d’Participantë sech iwwert déi Léiermomenter ausgetosch, déi liewensno sinn, well den themateschen Accent op gesellschaftleche Problemstellunge läit an déi an der Regel kollaborativ Aarbechtsformen uviséieren.

Hei fannt Dir de Rapport an d’Annexe zum CoLab 5 - Méi Transversalitéit am Plan d’études?

Workshop mat I-DS & I-CN

D’I-DS (Instituteurs spécialisés en développement scolaire) an d’I-CN (Instituterus spécialisés en compétences numériques) si wichteg Acteuren an der aktueller Bildungslandschaft an dofir huet och mat dësem Zilpublikum e Workshop stattfonnt. 

Follgend Froe stoungen am Mëttelpunkt: Wat wier, wann de Plan d’études e coolen Aarbeschtstool wier, deen d’Enseignanten am Unterrichtsalldag gäre géife benotzen? Wat wier, wann de Bilan zesumme mam Plan d’études géing funktionéieren?   

Weider Informatiounen iwwert dëse Workshop fannt Dir ënnert dëse Miro- a Padlet-Wänn. 

CoLab 6 “D’Brécken tëschent der formaler an non-formaler Bildung”

Dëse Workshop huet online iwwer Teams den 19. Januar 2023 an am Presentiel de 24. Januar 2023 stattfonnt. 179 Participantë waren dobäi, dorënner 47 aus dem non-formale Bildungsberäich. 

Bei den invitéierten Akteuren hu mir eis op d’konventionéiert “Services d’éducation et d’accueil” (SEA) an op de Schoulkandberäich (d’Strukturen a Servicer fir Kanner vu 4-12 Joer) limitéiert. 

D’Participanten hunn zesummen déi gemeinsam an ënnerschiddlech Handlungsfelder vun der formaler an der non-formaler Bildung diskutéiert.

Hei fannt Dir de Rapport an d’Annexe zum CoLab 6 – “D’Brécken tëschent der formaler an non-formaler Bildung”. 

Consultatioun mat weidere Parties Prenantes & aner Momenter

Zousätzlech zu de CoLab-Workshops huet d’Divisoun fir Curriculumsentwécklung iwwert de gesamte Consultatiounsprozess ewech weider Acteuren an Experten am Kader vun Entrevuë gesinn, fir d’Theema 'Plan d’études' vun ënnerschiddleche Standpunkten aus ze héieren an d’Verständnes vu bestëmmte Kärberäicher weiderzeentwéckelen. Zu dësen Austauschpartner hunn e.a. gehéiert:

  • Educatiounsminister Claude Meisch
  • Programmkommissiounen vum Fondamental (CNEF)
  • Collège des Directeurs aus dem EF (CoDir EF)
  • Collège des Directeurs aus den Centres de Compétences (CoDir CC)
  • Collège des Directeurs aus dem Enseignement Secondaire (CoDir ES)
  • Commission de la Voie de Préparation du CoDir ES (CHADIR)
  • Direction générale de l’Enseignement Fondamental (DGEF)
  • Institut de Formation de l’Éducation Nationale (IFEN)
  • Direction générale de l’intégration
  • Bachelor en sciences de l’éducation (BSCE)
  • Luxembourg Center for Educational Testing (LUCET)
  • Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg (CNEL)
  • Initiative ‘Kanner virun d’Dier’
  • Service des offres internationales et européennes
  • Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)
  • Gewerkschaften AIP (Association des institutrices et instituteurs de l’éducation préscolaire cycle 1) , SEW (Syndikat Erziehung und Wissenschaft – OGBL) an SNE (Synicat national des enseignants – CGFP)
  • Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes (MEGA)
  • Acteuren aus der non-formaler Bildung (SEA, Syvicol,...)
  • Maison de l’orientation (MO)
  • ...

E puer Zuelen aus der Consultatiounsphas

Am Resumé:

  • Start: Januar 2022, Schluss: Abrëll 2023
  • 1 Infoversammlung fir de Bildungsberäich
  • 9 CoLab-Workshops: 6 mam Bildungsberäich, 2 mam CSEN, 1 mat den Elterevertrieder (ca. 750 Participanten insgesamt bei den 9 CoLabs)
  • 29 Atelieren mat de Kanner (ronn 350 Kanner)
  • ca. 50 weider Entrevuen am Kader vum Projet Plan d’études
  • ca. 1.000 Leit op eiser interner Mailing-Lëscht vum Projet
  • ongeféier 1.200 Persounen, déi mat hiren Aussoen iwwer de Plan d’études aktiv participéiert hunn.

Wien huet matgemaach?

  • 592 Participanten aus dem formalen Beräich an de sechs CoLab-Workshops:
  • 70% EF
  • 19% ES
  • 7% CC
  • 3% MENJE
  • 1% autres

86 Participanten aus dem non-formale Beräich am sechste CoLab-Workshop (47%):

  • 67% SEA (Maison Relais, crèches, foyers du jour (public))
  • 12% CFJ (Crèches et foyers du jour (privé))
  • 12% DE (Dageselteren)
  • 5% JH (Jugendhäiser)
  • 2% CST (centre socio-thérapeutique)

Auswäertung vun den Aussoen aus der Consultatiounsphas

Um Enn vum der Consultatiounsphas huet d’Analys vun den Aussoen aus dem Consultatiounsprozess ugefaangen. Iwwer en Zäitraum vu sechs Méint huet d’Curriculumsdivisioun d’Aussoen an der Déift analyséiert, dat mat Hëllef vu korpusanalytesche Methoden ewéi Diskurs- an Inhaltsanalys. Et goung dorëms, déi grouss Linne fir d’Reform vum Plan d’études erauszekristalliséieren.

Dës Analys gouf duerch eng maschinn-assistéiert Analys kompletéiert. Heifir gouf mat enger Lëtzebuerger Startup zesummegeschafft, fir iwwert de Wee vum Natural Language Processing (NLP) ronn 6.000 Aussoen ze analyséieren, fir keng wichteg Theemefelder ze iwwersinn.

Scho säit dem Joer 2020 huet d’Curriculumsdivisioun, en vue vum Projet “Plan d’études”, verstäerkt déi gesellschaftlech Diskussiounen a wëssenschaftlech Recherche suivéiert. Zudeem goufen de bestoende gesetzleche Kader analyséiert a weider Recommandatioune vun Experten a Stakeholder consideréiert, dëst mam Zil, d’Rumm, d’Pilieren an all weider Aspekter auszeschaffen, déi an hire grousse Linnen dann am Wäissbuch (White paper) fir en neie Plan d’études am September 2023 publizéiert gi sinn. Klickt hei fir de Whitepaper fir en neie Plan d’études op Lëtzebuergesch oder Franséisch ze liesen.