Enseignement fondamental

D’Conclusioune

''

Dräi grouss Etappen am Projet Plan d’études konnte fir d’Rentrée 2023/2024 ofgeschloss ginn:

  1. De Consultatiounsprozess mam Terrain
  2. D’Analys vun alle gesammelten Informatiounen
  3. D’Synthees dorauser, déi an e Wäissbuch gefloss ass, dat d’Schwéierpunkte presentéiert, déi den neie Plan d’études fir d’Schouljoer 2026/2027 wäert sëtzen.

Am Wäissbuch (Whitepaper) mam Titel “Een neie Plan d’études fir den Enseignement fondamental” ginn déi grouss Linne virgestallt, déi fir den neie Plan d’études richtungsweisend ginn.

Dozou gehéiert, dass de Plan d’études duerch e Kader wäert ergänzt ginn: D’Rumm vum neie Plan d’études mat der Visioun vum ganzheetlechen Léieren am Enseignement fondamental,  der Educatioun vum Weltbierger, déi an der Grondschoul hiren Ufank hëllt, mat de fënnef Schlësselkompetenzen, op deenen d’Léieren an der formaler Bildung ausgeriicht ass (Multiliteracy-Kompetenz, Selbstkompetenz, Sozialkompetenz, Reflexiounskompetenz an Transformatiounskompetenz) an den Erklärungen zu de véier Pilieren (Wuelbefannen, Participatioun, Méisproochegkeet an Digitalitéit), op deenen den neie Plan d’études wäert foussen an déi sech – wéi all déi genannt Elementer vun der Rumm – duerch de ganze Plan d’études wäerten zéien. 

Am Whitepaper gëtt doriwwer eraus erkläert, dass den neie Plan d’études fir d’Rentrée 2026/2027 wäert implementéiert an eng digital Plattform säin Dréi- an Aangelpunkt wäert ginn.

Mir freeën eis, Iech dëse Whitepaper kënnen ze presentéieren. Dir fannt en hei als op Lëtzebuergesch an op Franséisch.

Zousätzlech kënnt Dir nodréiglech d’Presentatioun vum Whitepaper ukucken, déi den 3. Oktober 2023 am Forum Geesseknäppchen war.