Enseignement fondamental

En neie Léierplang fir den Enseignement fondamental

''

Den 18. Januar 2022 war mat enger Informatiounsversammlung den Optakt vum Consultatiounsprozess fir en neie Plan d’études am Enseignement fondamental. D’Curriculumsdivisioun vum SCRIPT ass zesumme mam Bildungsberäich an e Consultatiounsprozess gestart. 

Tëscht Februar 2022 an Abrëll 2023 goufen eng ganz Rei Workshoppen an Entrevuen am Kader vum Projet “Plan d’études” koordinéiert an duerchgefouert. 

Momentan sinn d'Aarbechten um neie Plan d'études ënnert de Virgaben an Zilsetzunge vum Wäissbuch (Whitepaper), dat am September 2023 presentéiert ginn ass, voll am Gaangen. Dës wäerte viraussiichtlech bis 2026 undaueren. Fir d’Schouljoer 2026/2027 soll en neie Plan d’études am Enseignement fondamental implementéiert ginn.

Op dëser Säit fannt Dir all d'Informatiounen iwwert de Projet “Plan d’études”. Dir kënnt suivéieren, wat bis ewell geschitt ass, a méi iwwer déi nächst Schrëtter an der Timeline gewuer ginn. 

Du bas interesséiert matzeschaffen? Dann kuck hei!