Enseignement fondamental

Firwat en neie Plan d’études?

''

Du bass interesséiert hei matzeschaffen? Dann kuck hei!

 

Net laang no senger Aféierung gouf dorobber higewisen a bedauert, dass dem Plan d’études vun 2011 d’pedagogesch-didaktesch Indikatioune feelen, déi d’Léierpersonal beim Schoulhalen ënnerstëtzen a guidéieren. Des Weideren ass och kloer ginn, dass dem Dokument déi iwwergeuerdent Rumm feelt, déi déi zesummeféierend Zilsetzunge vum Enseignement fondamental erkläert an duerstellt, wéi d’Léierinhalter aus de verschiddenen Entwécklungs- a Léierberäicher zesummen dozou bäidroen, dass d’Kand sech ganzheetlech entwéckelt a Schlësselkompetenzen op- an ausbaut.

Säit der leschter grousser Bildungsreform vun 2009 an der Aféierung vum Plan d’études huet sech d’Welt weider verännert. Déi lescht gréisser Adaptatiounen um Dokument „Plan d’études“ ginn op d’Joer 2011 zeréck. Duerno goufe Adaptatiounen um Plan d’études iwwer de Wee vu weidere Réglements grand-ducaux virgeholl, ënner anerem fir d’Aféierung vum Fach Vie et Société (2017), an dräi Joer méi spéit d’Aféiere vum Coding (Computational Thinking) am Fondamental. Dës Ännerungen, an och z.B. neit Franséischmaterial mat enger verännerter Approche fir d’Sprooch ze léieren (d‘Salut, c’est-Rei), si weider Grënn, fir dee Plan d’études, deen en vigueur ass, ze iwwerschaffen.

D’wëssenschaftlech Erkenntnisser am Hibléck op Léierprozesser a Léierresultater, déi an de PISA-Etuden an am Kader vun den Épreuves standardisées (EPSTAN) zesumme koumen, sinn e weideren Ulass gewiescht, fir de Plan d’études enger grondsätzlecher Revisioun z' ënnerzéien.

D’Covid-Pandemie huet am Joer 2020 d’ganz Welt erfaasst. Vun haut op muer huet d'Schoulhale missen anescht geduecht ginn – doheem, am virtuelle Raum, mol synchron, mol asynchron.

Zu deem Moment gouf däitlech, dass de Plan d’études, sou wéi en haut opgebaut ass, a Krisenzäiten nëmme bedéngt der Funktioun ka gerecht ginn, festzeleeën, wat prioritär muss traitéiert ginn. Wéi d’Léierpersonal gefrot gouf, déi geplangten Inhalter fir d’Schouljoer 2019-2020 op dat Wesentlechst ze reduzéieren, war net wierklech ersiichtlech, wat genee dat Wesentlechst am Plan d’études ass.

Op en Neits ass kloer ginn, dass dem Plan d’études, sou wéi en haut ass, d’Rumm feelt, déi eng kloer Visioun ausdréckt an als Kompass an enger Welt am Wandel déngt.

Deemno waren et eng Rei vun Entwécklungen, déi, iwwer d’Zäit gekuckt, zum Reformprojet ‚Plan d’études‘ gefouert hunn, an esou d’Ausléiser waren, fir e grouss ugeluechte Consultatiounsprozess iwwer en neie Plan d’études fir den Enseignement fondamental ze lancéieren.

Dofir huet d’Divisioun fir Curriculumsentwécklung vum SCRIPT am Schouljoer 2020-2021 déi siwe Commissions nationales de l’enseignement fondamental (CNEF) an de Collège des Directeurs aus dem Fondamental zum Plan d’études consultéiert. Den 10. Juni 2021 hunn dës Acteuren dem Educatiounsminister Claude Meisch hir Avise presentéiert.

Als nächste Schrëtt gouf de breede Consultatiounsprozess lancéiert an de ganze Bildungsberäich invitéiert, fir iwwer d’Programmentwécklung am Fondamental an d’künfteg Ausriichtung vun der Grondschoul matzediskutéieren. Dës Consultatioune hunn erginn, dass en neie Plan d'études sollt ausgeschafft gin.